Vous êtes ici

Mad Science goes Wild

Date Vendredi, 27 Août 2021 - Dimanche, 29 Août 2021
Lieu Lultzhausen
Age 12-16
Prix 250.00 €
Places
max. 16

Léif Jonker, Léif Elteren,

2020 war fir keen en einfacht Joer. Pandemie huet Schoulen, Geschäfter a Restaurante zougemaach an eist Liewen schéin duercherneen gehäit. Och mir als PINS hunn dëst staark gespuert. Wou mir soss dach a Schoulen oder Maison Relais’e konnte goen an eis Atelieren halen, hu mir dat lëscht Joer leider net méi konnte maachen. Dobäi koum dann, dass mir, fir d’éischte Kéier an iwwer 10 Joer Organisatioun vun Camp‘e, eise Science Summer Splash hu missten ofsoen. Äre Support an äert Versteesdemech hunn eis all gutt gedoen. Mir notzen dofir dës Chance gären fir iech all e groussen Merci dofir ze soen. Mir waren 2020 awer net inaktiv an hunn eis e ganzen Koup nei Iddien an Ateliere afalen gelooss. En puer dovun wäert dier bestëmmt an den nächsten Wochen an Méint op eise Soziale Medien entdecken kënnen.

De Camp heescht dëst Joer Mad Science goes Wild a steet am Kontext vun Natur, Biodiversitéit a geckegen Wëssenschaften. Den Camp wäert vum 27ten bis den 29ten August sinn an mir kënnen 16 Participante mathuelen. Dat Ganzt kascht 250 Euro. Och mussen mir den Camp ob enger aaner Plaatz, wei am Ufank geplangt, organiseieren.

Mir hun decidéiert den Camp 2021 zu Lëtzebuerg ze organiséieren. Mir ginn dofir op Lëlz an d’Jugendherberge. Mir kennen d’Ekipp do gutt an hu vill verschidden Méiglechkeeten fir Iech all e flotte Camp ze gestalten.

Wann dir iech elo mat eis op den Mad Science goes Wild freet, dann zéckt net laang an mellt iech direkt op eisem Site un. Umëllen musst dir iech iwwert eisen site :

https://pins.lu/umeldung/

Wann dir nach Froen hutt, dann mellt iech roueg. Mir beäntweren iech dës gären esou schnell mir kënnen.

Mat de beschten Gréiß

PinS asbl::original

Autres voies d'inscription

en ligne:
par email: