Vous êtes ici

Mam Segelboot Dageraad duerch d'Ijsselmeer

Date Samedi, 17 Juillet 2021 - Vendredi, 30 Juillet 2021
Lieu Lemmer (NL)
Age 14-17
Prix 950.00 €
Places
max. 25

Ijsselmeer: Mam Segelschëff “Dageraad” duerch d’Ijsselmeer (NL)
Seefahrerfeeling Du waars schonn ëmmer en Abenteuerer an hues och schonn bal alles matgemaach? Et feelt dier just nach en Segeltörn mat engem richtege Segelboot? Dann bass du hei genau richteg! Den Zweemastklipper „Dageraad“ ass 41 Meter laang a gehéiert zu de gréissten an originellsten hollännesche Charterschëffer iwwerhaapt. Alles op dësem Schëff ass grouss, de Salon dee fir di gemeinsam a selwer preparéiert Seemannskascht benotzt gëtt awer och d’Schëffskichen an där mir wäerte selwer kachen. Di ganz besonnesch Atmosphär op dësem Schëff wäerte mer während deenen 14 Deeg zesumme fillen an och selwer beaflosse kennen. Zesummen d ‘Segele setzen, d’Iessen virbereeden a wann et muss sinn och den Deck schruppe sinn nëmmen e puer Aufgaben di ons vun engem erfahrene Skipper wäerte geleiert ginn. Jee nodeems wei d’Wieder ass an de Wand dréinen, segele mer um Ijsselmeer, fueren op di friesesch Inselen an d’Nordmier oder loossen ons op engem vun deene ville Kanäl einfach nëmme mat der Stréimung dreiwen. Een Highlight vun dëser besonnescher Rees wäert sécher sinn datt mer ons um Wattenmeer „dréchen“ fale loossen sou datt jidderee ka vum Schëff goen ouni d ‘Féiss naass ze kréien! D‘Mier an all senge Variante genéissen!
Ohé du bateau...
Imaginez-vous être assis sur un bateau à voiles et entendre seulement le bruissement des vagues et le vent dans la voile. Le clipper à deux mâts “Dageraad” est l’un des plus grands voiliers néerlandais traditionnels pour passagers avec une longueur de 41 mètres. Selon le vent et les conditions météorologiques, nous voguerons sur la mer d’Ijssel, irons aux îles frisonnes ou naviguerons sur des canaux passant dans l’intérieur du pays. Des connaissances de voile ne sont pas nécessaires. L’équipe autour d’un Skipper expérimenté, qui expliquera volontiers l’art de la voile. Etre volontaire et participer est par contre demandé. Comme sommet du voyage, notre clipper jettera l’ancre dans les estrans. Ainsi tous les participants pourront descendre au sec et apprendre de tout près l’étendue infinie des mers.
Jouir pleinement de la mer !
::original

Autres voies d'inscription

en ligne:
par fax:
2755 6201