Vous êtes ici

Kolonie Emol Anescht (colonie d'intégration)

Date Mercredi, 2 Septembre 2020 - Jeudi, 10 Septembre 2020
Lieu A-SCHLADMING
Age 16-18
Prix 535.00 €
Places
max. 25

Wëlls du eng Kolonie erliewen an Éisträich, déi eemol anescht ass? An enger flotter Géigend, wou mer ënner anerem e Sky Walk maachen, bis erop op 1600m an eng wonnerschéin Alm hiken an do iwwernuechten an déi gréisste Zipline an den Alpe rocken. Wéi et sech op enger Kolonie eemol anescht gehéiert, kënne Fräizäiten zum Beispill am Wellnessberäich oder an der schéiner Alstad gemaach ginn. Den eemol anescht kënnt dohir, dass dës Kolonie fir jiddereen ass a keen Handicap en Hindernis duerstellt, ganz nom Motto „barrierefreier Urlaub“.

Mir hunn op dëser Kolonie 10 Plaze fir Jonker mat Behënnerungen. Wann äert Kand eng Behënnerung huet, da schreiwt eis dat w.e.g. bei d’Umeldung dobäi. Dëst as wichteg, fir dass mir zesumme mat eisen Animateuren déi richteg Präparativen treffe fir ärem an deenen anere Kanner een optimalen Oflaf vun der Aktivitéit garantéiren ze kënnen. Zur Präparatioun gehéiert och een obligatorescht Gespréich virun der Kolonie tëscht Eltren a Responsabel, wou si d’Kand a seng Behënnerung besser kenneléieren. Déi lescht Decisioun ob d’Kand ka matgoen oder net, trëfft den SNJ a Récksprooch mat de Responsabel vun der Kolonie, well si d’Verantwortung hunn a mussen aschätze kënnen, ob si wärend der Kolonie fir dat Kand kënne korrekt suergen.

Momentan sinn déi 10 Plaze fir Jonker mat Behënnerung scho besat. Fir déi Plaze kann ee sech just nach op d'Waardelëscht aschreiwen.

0

Autres voies d'inscription