Vous êtes ici

Better Together (colonie d’intégration)

Date Vendredi, 23 Juillet 2021 - Jeudi, 29 Juillet 2021
Lieu MARIENTHAL
Age 14-18
Prix 196.00 €
Places
max. 30
L'inscription est fermée.

Wärend enger Woch bidde mir Jonken, mat oder ouni Beanträchtegung (Integratioun), tëscht 14 an 18 Joer een ofwiesslungsräiche Programm. Et läit eis um Häerz, dass du dech bei eis wuel fills. Teamgeescht an eng gutt Gruppendynamik sti bei eis ganz vir.

Spaass ass garantéiert!

Eng Alpaka Wanderung, Kayak fueren um Stau, Konscht mat engem Profi an nach villes méi erwaarden dech. Du bass interesséiert? Da verléier keng Zäit a mell dech schnell un. Mir freeën eis op dech

Mir hunn op dëser Kolonie 8 Plaze fir Jonker mat Behënnerungen. Wann äert Kand eng Behënnerung huet, da schreiwt eis dat w.e.g. bei d’Umeldung dobäi. Dëst as wichteg, fir dass mir zesumme mat eisen Animateuren déi richteg Präparativen treffe fir ärem an deenen anere Kanner een optimalen Oflaf vun der Aktivitéit garantéiren ze kënnen. Zur Präparatioun gehéiert och een obligatorescht Gespréich virun der Kolonie tëscht Eltren a Responsabel, wou si d’Kand a seng Behënnerung besser kenneléieren. Déi lescht Decisioun ob d’Kand ka matgoen oder net, trëfft den SNJ a Récksprooch mat de Responsabel vun der Kolonie, well si d’Verantwortung hunn a mussen aschätze kënnen, ob si wärend der Kolonie fir dat Kand kënne korrekt suergen.


Momentan sinn déi 8 Plaze fir Jonker mat Behënnerung besat. Et kann ee sech nach op d'Waardelëscht aschreiwen.

 

0

Autres voies d'inscription

par email: