„Manner ass heiansdo méi!“
Eng wonnerschéin Natur, een Zelt a vill nei Kollege gi vläicht
och einfach duer fir glécklech ze sinn.
Wat denks du? Hues de Loscht am Zelt ze schlofen oder
souguer ënner fräiem Himmel? Reizt et dech däin Iesse selwer
um Feier ze kachen? Am Floss ze schwammen a Kanu
fueren ze goen? Oder souguer eng Hiel besichtegen? Eis
Zeltkolonie an der Ardèche bitt genee dat an nach vill méi.
Eng spannend Mëschung tëschent sportlechen Aktivitéiten,
Natur erliewen, awer och relaxen Deeg a kulturell Trips duerch
historesch franséisch Stied.
Loscht mat eis dësen Adventure Trip ze maachen? Da mell
dech elo un!