Vous êtes ici

Action am Mëllerdall

Date Dimanche, 27 Octobre 2019 - Jeudi, 31 Octobre 2019
Lieu MELLERDALL
Age 10-14
Prix 378.00 €

Du wëlls eng onvergiesslech Woch mat lauter coolen & sportlechen Aktivitéiten am Mëllerdall verbréngen? Du bass fit um Vëlo a prett fir de Mëllerdall virun enger Katastroph ze retten? Da bass du hei genau richteg!
D`Kolonie start an der Fiels, wou mir owes op eisem Duerffest eng schlëmm Noriicht iwwermëttelt kréien. Fir d'Géigend virun enger Katastroph ze retten, musse mir deen nächsten Dag duerch de Mëllerdall op Beefort hiken. Do hu mir da wärend 3 Deeg en ofwiesslungsräichen a spannende Programm, ir mir da schlussendlech mam Vëlo op Iechternach fueren, fir do dee leschten Dag eis Missioun auszeféieren an eisen Erfolleg ze feieren.

0

Autres voix d'inscription

par email: