Vous êtes ici

Wanterkolonie um Neihaisgen

Date Mardi, 19 Décembre 2017 - Samedi, 23 Décembre 2017
Lieu Chalet Nicolas Rollinger
Age 4-7
Prix 300.00 €
Places
max. 20

Wantervakanz um Neihaisgen Wanterzäit ass eng besënnlech Zäit Fir eis klengsten Bierger net ze vergiessen an hinnen des besënnlech Zäit mäi no ze bréngen, gëtt et dësen Wanter eng ganz nei Wantervakanz fir Kanner vun 4-7 Joer. Des ass vum 19ten bis den 23ten Dezember, an spillt sech am gemittlechen Chalet “Nicolas Rollenger” Neihaisgen of. Heibäi dréit sech alles em d ’Thema: Wanter an Chrëschtdag. Dëst geet vun leckeren Kichelcher baken, iwwer zu Chrëschtdekoratioun bastelen, bis hin zu Chrëschtdagscadeauen selwer maachen, fir nëmmen e puer flott Aktivitéiten vun dëser Vakanz ze nennen. An natierlech vergiessen mir net och am Wanter kann een sech dobaussen esou richteg gudd ameséieren! Déi flott Baussenanlag vum Chalet bidd ons eng flott Bühn fir flott Abenteuer ze erliewen, an falls d’Wieder et gudd mat ons soll mengen, dann kéinten jo villäicht souguer mam Schlitt fueren goen oder eng flott Schnéiballschluecht géint ons Moniteuren maachen! Dat ganzt versprécht Spaass an e puer schéin Deeg fir eis Kleng. Natierlech gëtt et owes virum Schlofen eng schéin Nuertsgeschicht fir dass een extra gutt schlofen kann. Fir lecker Iessen an Gedrénks zu den kalen Wanterdeeg ass selbstverständlech gesuergt, genee sou wéi fir eng gutt Stëmmung an vill schéin Momenter. Mir freeën ons ob dech! Vacance d’hiver au Neihaisgen Pour nos plus petits citoyens et leurs faire parvenir plus proche cette période d’hiver, nous avons créé ce séjour de Vacances pour enfants de 4 à 7 ans. Ce Séjour se tiendra du 19 décembre au 23 décembre dans le petit Chalet “Nicolas Rollinger” au Neihaisgen. Et pendant tout le séjour nous essayons de créé une atmosphère tout autour du thème : hiver et noël Ceci commencera avec la traditionnelle cuisson de gâteaux de noël, décoration pour l’arbre de noël qui ne devra pas manquer au rendez-vous, bricolage par nous-même de cadeaux de noël. Et n’oublions pas que pendant l’hiver on pourra aussi s’amuser à l’extérieur. Les alentours du chalet nous mettent à dispositions un terrain immense pour des excursions dans la forêt, et si le temps le permettra des courses sur luge de neige, et des batailles de boules de neige avec tes moniteurs. Des activités intéressantes, des jeux captivants et des histoires aventureuses et une ambiance agréable vont t’accompagner durant ces 4 jours. Nous serions heureux de pouvoir faire ta connaissance!

Autres voix d'inscription

en ligne:
par fax:
2755 6201