Segelen zu Lëtzebuerg?? Jo dat geet!!
Während 6 Deeg tauchs du an d’Welt vun de Séisswaassermatrousen a léiers e Boot op- an ofzetakelen, ze kenteren a rëm opzeriichten, an natierlech de Wand richteg ze notzen fir weider ze kommen. Wann d’Waasser däin Element ass, bass du genau richteg fir dës sportlech Woch um Stau.

