Vous êtes ici

Art Together

Date Mardi, 1 Août 2017 - Dimanche, 6 Août 2017
Lieu LULTZHAUSEN
Age 15-25
Prix 210.00 €
Places
max. 20
L'inscription est fermée.

Fënnef Deeg mat ofwiesslungsräichem Programm fir jonk Mënsche mat an ouni Behënnerung. Op dëser Kolonie ginn Atelier'en ugebuede wou verschidde Konschttechniken, wéi z.B. Graffiti, Action Painting a Marbling probéiert ginn. Als Ofwiesslung sinn och flott Bewegungsaktivitéiten um a ronderëm d'Waasser virgesinn. Wann s du gär eng eemoleg Kolonie erliefs, bass du bei eis genee richteg! Waart net a mell dech un! Mir hunn op dëser Kolonie 5 Plaatze fir Jonker mat Behënnerungen. Dëse Kontingent ass zu dësem Ament schons erschöpft, interesséiert Eltere kënnen awer hir Kanner fir d’Wartelëscht umellen Wann äert Kand eng Behënnerung huet, da schreiwt eis dat w.e.g. bei d’Umeldung dobäi. Dëst as wichteg, fir dass mir zesumme mat eisen Animateuren déi richteg Präparativen treffe fir ärem an deenen anere Kanner een optimalen Oflaf vun der Aktivitéit garantéiren ze kënnen. Zur Präparatioun gehéiert och een obligatorescht Gespréich virun der Kolonie tëscht Elteren a Responsabel, wou si d’Kand a seng Behënnerung besser kenneléieren. Déi lescht Decisioun ob d’Kand ka matgoen oder net, trëfft den SNJ a Récksprooch mat de Responsabel vun der Kolonie, well si d’Verantwortung hunn a mussen aschätze kënnen, ob si während der Kolonie fir dat Kand kënne korrekt suergen.

0